Gudden Owend léif Sportsfrënn,
No den Ukënnegunge vun der Regierung a Saachen nei ‚Corona-‚Moosnamen, huet de Comité-Directeur sech concertéiert an déi heiten Décisioune geholl, wat de Spillplang vun dësem Weekend ugeet:
(1) d’Matcher vun der NAT-1 (‚BDO TT League‘) a vun der NAT-2 gi wéi geplangt gespillt, also mar Samschdeg, mee OUNI ZUSCHAUER
(2) d’Matcher vun der 1/8-Finale vun der Coupe de Luxembourg ‚Seniors‘ gi wéi geplangt gespillt, also e Sonndeg de Mëtteg, mee OUNI ZUSCHAUER
(3) all aner Matcher, déi fir dëse Weekend an de Championnater ‚Cadets‘ a ‚Seniors‘ um Spillplang stinn ginn ofgesot
(4) wéi et nom Spilldag vun dësem Weekend weidergeet gëtt dann decidéiert, wann déi nei gesetzlech Corona-Bestëmmunge bis bekannt sinn
All déi Équipe-Forfaite, déi scho vu Veräiner fir dëse Weekend gemellt gi waren, gi réckgäng gemaach.
Mat frëndleche Gréiss
De Comité-Directeur vun der FLTT.