
1. Spilldag vun der Saison 2019 / 2020

Wëllkomm beim DT Nouspelt
Den 24 Mee 2019 huet den DTN um Schoulsportdag zu Kielen an der Primärschoul Deel geholl. Vill Kanner haten de Wee bei eisen Atelier fond a hunn sech gudd ameséiert. 🙂
Merci eisem Trainer dem Kevin, dem Mai an dem Wilma déi de ganzen Dag am Assaz waren. 😉
Fir weider Fotoen ze kucken kënnt der dat bei Gallerie –> Fotoen –> Schoulsportdag zu Kielen an der Primärschoul 2019, maachen. 🙂
Den 10 Mee 2019 huet den DTN op seng traditionnel Generalversammlung invitéiert. 😉
Hei e puer Fotoen. Fir weider Fotoen ze kucken kënnt der dat bei Gallerie –> Fotoen –> Generalversammlung 2019 maachen. 🙂
Vill Spass.
Bei de Barragemätscher zu Bartreng hunn den Andrea an den Charel et fäerdeg bruecht e Klassement ze klammen. Allen zwee sinn se D2 ginn. Félizitatioun.
Eis 1. Senioréquippe huet et fäerdeg bruecht bei de Barragemästcher vun der 1. Divisioun déi 2. Plaz ze erspillen.
Si hunn sech leider mussen an der Final géint eng staark Equipp vu Hueschtert/Foulscht geschloen ginn. 🙂 🙂 🙂
D’Equipp vu lénks no riets : de Gilles, de Christian, den Alain an den Emmanuel.
Déi Néierlag huet der Stemmung awer keen Ofbroch gedoen, an et ass monter geféiert ginn nom Mätsch. 🙂 🙂 🙂
Nom Erfolleg ass geféiert ginn. 🙂 🙂 🙂
Eis 2. Cadetséquipp huet et fäerdeg bruecht bei de Barragemästcher vun der 6. Divisioun déi gudd 4. Plaz ze erspillen. 🙂 🙂 🙂
D’Equipp vu lénks no riets : de Charel, de Miguel an den Andrea.