Category Archives: Cadetsequippen
Klassementopstig am Jugendchampionnat
Am Jugendchampionnat huet de Stéphane et fäerdeg bruecht e Klassement ze klammen. De Stéphane ass D1 ginn. Félizitatioun. 🙂
Endklassement vum Jugendchampionnat 2020 / 2021
Transferten fir dei néi Saison 2021 / 2022
Salut,
Lo wou d’Saison eriwwer, an d’Transfertperiode laanscht ass, well ech iech 2 néi Transfert’en virstellen, an dës an eisem Club begréissen.
Dëst sinn den Enrique PEDREGOSA (C1), hie kënnt vun Mamer an d’Christina SAYDON (C3) hat kënnt vun Gréiwemaacher.
Mir wënschen eise néie Matspiller / inn nëmmen dat Bescht an dass si de Club um sportlechen, wéi och um mënschlechen Plang weider no vir brengen kënnen. 🙂
Mat sportleche Gréiss.
Ronny
Transferten fir déi néi Saison 2021 / 2022
Spilldeeg vun der FLTT fir dei néi Saison 2021-2022
Artikel am lëtzebuerger Wort iwwert den Haff SCHOCKWEILER
Training vun der Jugend lescht Woch. 😁🏓
Den DTN wënscht iech all schéin Ouschteren. 🙂🏓😊
Ofso vun der aktueller Saison vun der Dëschtennisfederatioun
Gudde Moien,
Opgrond vun der aktueller Coronasituatioun, an der domadder verbonnenen weideren Verlängerung vun de Sécherheetsmoossnamen, huet d’Dëschtennisfederatioun de Moien decidéiert d’Saison fir all d’Equippen vun der Promotioun bis déi 6. Divisioun, ofzesoen.
Eenzeg d’BDO (Nationale 1) an d’Nationale 2 dierfen hire Programm weiderspillen.
D’Saison gëtt net gewäert et ginn keng Op- an Ofsteiger an all d’Equippen verbleiwen an hiren aktuellen Divisiounen wou se am September erëm ufänke wäerten.
MbG
Ronny