Category Archives: News
Néiste Versioun vum Schutzkonzept (V.3.) vun der FLTT géint de Covid-19
Verbandsranglescht vun der FLTT vum Mount August 2020
Salut,
Um Site vun der FLTT fand dir déi néi Verbandsranglescht vum Mount August 2020.
Ech well hei just dei 10 bescht aklasséiert Spiller vum DTN, bei weit iwwer 2000 lizenséierten Spiller, eraushiewen, soss gëtt d’Lëscht ze lang.
121. PERSSON Leif (A3)
163. PALER Christian (A3)
174. SAPHY Emmanuel (B1)
191. NEYENS Gilles (B1)
220. RECHT Alain (B1)
282. KOCH Ronny (B1)
289. BARBABIANCA David (B1)
361. BRAGARD Jérôme (B2)
393. GEBELE Kevin (B2)
417. BIVER Jo (B2)
Solidaritéitsbong vun der Gemeng Kielen
Gudde Mëtteg,
Wéi der all mettlerweil matkritt hutt, krutten dei dei an der Gemeng Kielen wunnen, e Solidaritéitsbong vun 10 € vun der Gemeng Kielen geschéckt.
Deen Bong kann een bei enger a.s.b.l. aus der Gemeng Kielen aleisen.
Mir als Dëschtennis Nouspelt a.s.b.l. maachen och mat bei dëser Solidaritéitsaktioun.
Wann dir nach net wësst wat der mat dësem Bong maache sollt, kennt dir eis en als Veräin weiderginn.
Bedéngt duerch déi ganz Coronasituatioun sinn mir, als Veräin frou, iwwert all klenge Geste, hunn mir dach duerch d’Ofsoen vun der Gemeng vun all eisen Manifestatiounen, en zimlech grousse Verloscht gemaach, deen eis nach laang begleeden wäert.
Wann dir iech fir eis entscheed, kennt dir dëse Bong einfach bei engem Member vum Comité ofginn, mir kemmeren eis dann em de Rescht.
Ech soen iech am viraus Merci fir är Hellef a bléift w.e.g. all gesond.
MbG
Ronny
1. offiziellen Kannertraining vum DTN nom Déconfinement
Leschten Donneschdeg, den 25 Juni, war den 1. offiziellen Kannertraining vum DTN nom Déconfinement. 🙂
Déi éischt Grupp vun Kanner war drun an se waren méi ewéi frou dass rem duerft trainéiert ginn. Dat ganzt ass natierlech ennert de néidegen Sécherheetsmossnahmen ofgelaf, a mir waren all frou se rem ze gesinn. 🙂
Transferten fir déi néi Saison 2020 / 2021
Salut,
Lo wou d’Saison eriwwer, an d’Transfertperiode laanscht ass, well ech iech 2 néi Transfert’en virstellen, an dës an eisem Club begréissen.
Dëst sinn den Norbert PALER (C1), hie kënnt vun Mamer an den Albert ZÜST (C1) hie kënnt och vun Mamer.
Mir wënschen eise néie Matspiller nëmmen dat Bescht an dass si de Club um sportlechen, wéi och um mënschlechen Plang weider no vir brengen kënnen. 🙂
Mat sportlechen Gréiss.
Ronny
Verschidden Informatiounen
Ennresultat vum Seniorchampionnat nom Referendum vun der FLTT
FLTT-Referendum Resultat